D’Klima-Agence Toolbox benotzen

An der Toolbox fannt der Moossgeschneidert Kommunikatiounsoutile fir Är Bierger z’informéieren an anersäits Hëllefsmëttele fir Är Gemengeservicer

Fir Iech an Äre Servicer eng méi personaliséiert Kommunikation ubidden ze kënne, hunn mir am Kader vun dësem Projet Ambassadeur och nei Outile fir de Print- an Online-Beräich ausgeschafft.

Dës Hëllefsmëttelen adresséiere sech engersäits un de Kommunikatiounsservice, respektiv déi Persoun, déi sech ëm d’Kommunikatioun këmmert. Anerersäits fannen déi ënnerschiddlech Gemengeservicer an der Toolbox och praktesch Hëllefsmëttelen.

Ären Ambassadeur kéint dës Toolbox innerhalb vun Ärer Gemeng bekannt machen an esou zu enger méi strukturéierter Kommunikatioun bäidroen.

Konkreet Hëllefsmëttele fir eng besser Kommunikatioun ronderëm déi nohalteg Energietransitioun. Kuckt de Video iwwer Är Toolbox!

Benoit Hocq, Chef de projet communication

Är Kommunikatiouns-Toolbox

Fräi zougänglech Klima-Agence-Outile

  • Annoncë fir an d’Publikatioune vun Ärer Gemeng
  • Online-Outilen fir Är Matbierger
  • Informatiounsbroschüren zu verschiddene Sujeten
  • Infotipps, praktesch Rotschléi an Hëllefsmëttelen (Print oder fir Är Facebook-Säit)

Personaliséiert Hëllefsmëttele fir Äre Kommunikatiounsservice

  • Annoncë Partnerschaft Klima-Agence / Är Gemeng zu verschiddene Sujeten am Zesummenhang mat der nohalteger Energietransitioun
  • Kuerz Videoen fir ënnerschiddlech Sujeten einfach z’erklären
  • Thematesch Artikele fir Äre Gemengebuet
  • Brèvë fir de Gemengebuet oder op d’Internetsäit vun Ärer Gemeng
  • Rotschléi a Contenue fir Är Internetsäit
  • Eng hybrid Internetsäit: Iwwergangssäit mat personaliséierten Informatiounen, déi reegelméisseg vun Klima-Agence aktualiséiert ginn
  • Moosgeschneiderte Contenu fir Ären Offallkalenner

Är Toolbox fir d’Gemengeservicer

Praktesch Hëllefsstellunge fir Är technesch Ekippen

  • Informatiounsbroschüren zu verschiddene Sujeten
  • Bauhäremappe fir den Neibau an d’Renovatioun: Checklëschte fir zukünfteg Bauhären mat Planungsguide a sënnvolle Kontakter
  • Checklëscht fir d’Kontroll vum Energiepass: Aarbechtshëllef fir d’Iwwerpréiwung, ob den Energiepass am Kader vun der Baugeneemegung erfëllt ass
  • Guide fir d’Iwwerpréiwung, ob den Energiepass agehale gëtt, mat Checklëschte fir d’Kontroll duerch d’Gemeng oder extern Prestatairen
  • Enercoach: Logiciel fir d’Erstelle vun der Energiecomptabilitéit vun de kommunalen Infrastrukturen, deen de Gemengen iwwert de SIGI zur Verfügung gestallt gëtt
  • Guide fir Subsiden un d’Gemeng: Erklärungen a Formulaire am Kontext vun den Hëllefe fir Gemengen iwwer de Fonds Climat et Énergie (fréier Fonds pour la Protection de l’Environnement), Guide fir d’energetesch Optimiséierung vu Gebaier a Quartieren iwwer urbanistesch Mëttelen (PAG, PAP, Bautereglement)

Informatiounsseance fir d’Gemengepersonal

  • Hëllef beim Ausschaffe vun engem Programm vu Gemengenhëllefen Är Bierger
  • Explikatiounen zu den Aiden am Kader vum Fonds Climat et Énergie
  • Begleedung bei der Kreatioun vun enger Energiekooperativ oder enger Société Civile
  • Erklärungen zu den Hëllefsstellungen am Kader vum Energiepass oder der Kontroll vum Energiepass

Är Toolbox am Alldag

Huelt Iech puer Minutten Zäitan deelt eis Är Meenung iwwert dës Hëllefsmëttelen, déi Iech an Ärer Gemeng zur Verfügung sti mat.

Braucht Dir eevun deene virgestallte personaliséierten Outil’en? Kontaktéiert de Benoit Hocq – Chef de projet communication bei Klima-Agence!

Erfëllt d'Klima-Agence-Toolbox Är Kommunikatiouns-Besoinen? *
Plangt Dir an noer Zukunft Annoncen oder Artikelen aus der Toolbox ze publizéieren? *
Wëllt Dir bei der Aktualiséierung vun den Inhalter vun Ärer Websäit ronderëm d'Theme vun der nohalteger Energiewend vu Klima-Agence begleet ginn? *
Sidd Dir intresséiert un enger eegener Säit um Hybrid-Site Gemengen / Klima-Agence, fir aktuell Inhalter ze kréien, déi vu Klima-Agence geréiert ginn? *
Benotzt Är Gemeng Facebook? *
Benotzt Är Gemeng LinkedIn? *
Sidd Dir interesséiert un Inhalter zu der Energietransitioun fir Är sozial Medien? *
Champ RGPD