Journée Pacte Climat : nouvelle charte Pacte Climat

 

Léif KlimaPakt - community,

Wéi Dir wësst versicht myenergy als Gestionnaire vum KlimaPakt, dësem Programm déi beschtméiglech Visibilitéit no baussen ze ginn.

An dësem Sënn, hu mir d’Logoen esou wei d’Charte graphique ugepasst. D’Charte graphique soll Iech bei der Uwendung vun de Logoe guidéieren an Iech hëllefen äert Engagement am KlimaPakt optimal ze promouvéieren.

Dëse klénge Guide wéist Iech op eng einfach Aart a Weis wéi d’Logoe vum KlimaPakt benotzt solle ginn, a virun allem wéi ee Logo bei wéi enger Geleeënheet zum Asatz komme soll.

Et ass wichteg, dass Är Gemeng kloer tëschent de Messagen déi am Zesummenhang mat Ärem Engagement am Klimapakt publizéiert ginn an de Messagen déi déi erreechten Zertifizéierungsstuf vun Ärer Gemeng promouvéiere soll ënnerscheet.

Fir d’Mark vum KlimaPakt ze schützen, biede mir Iech doriwwer eraus um Niveau vum Verbanne vu verschiddene Logoen opzepassen, dass d’Logoe vun Ärer Gemeng an déi vun de Partner sënngeméiss benotzt ginn. Ënnert kengen Ëmstänn däerf d’Mark vum KlimaPakt direkt mat enger kommerzieller Mark oder engem politesche Message a Verbindung bruecht ginn.

Wann Dir Froen zur Uwendung vun der Mark vum KlimaPakt hutt oder onsécher sidd bei der Benotzung vun de Logoen, da mellt Iech bei myenergy, communication@myenergy.lu oder direkt beim Bénédicte Zwerg, Responsable Marketing,
ënnert der Nummer 40 66 58 31. 

Erofluede vun der Charte graphique

Erofluede vun de Logoe vum KlimaPakt Programm 

Erofluede vun der Zertifizéierungsstuf vun ärer Gemeng 

 

An der Hoffnung, dass dës Charte graphique Iech an Ären zukünftege Publikatiounen ënnerstëtze wäert, wënsche mir Iech weiderhin e gutt Geléngen am KlimaPakt.

D’Equipe vu myenergy.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen