Umeldung fir de Klimapakt Dag 2018

 

Dënschdes, den 29. Mee 2018
vu 12:00 bis 17:30 Auer
zu Walfer am Centre Culturel Prince Henri (3, route de Diekirch, 7720 Helmsange)

Programm vum Klimapakt Dag 2018

12h00 Accueil vun de Gäscht mat engem walking lunch
13h00 Begréissungsusprooch
Gilbert Théato, myenergy
13h10 Usprooch vum
Monsieur Camille Gira, Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen
13h25 Discours vum
Francine Closener, Staatssekretarin fir Wirtschaft (excusée)
13h40 5 x 6 – 5 konkret Projeten vun de Klimapakt-Partneren
Cell, IMS, EBL, Klimabündnis a SIGI
14h10 D’économie circulaire am Kader vum Klimapakt
Gilbert Théato, myenergy
14h20 Iwwerreeschung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen un d’Gemengen
Camille Gira, Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen
14h30 Paus
14h50 Nohalteg Veranstaltungen a Projete fir Gemengen vun der Superdreckskëscht
Frank Fellens, Romaine Stracks, Superdreckskëscht
15h15 Mise en œuvre de l’économie circulaire dans les zones d’activités économiques
Paul Schosseler, +impakt
15h35 Den Holzbau an der économie circulaire
Philippe Genot a René Witry, Wood Cluster
15h55 Woltz – Hotspot fir d’économie circulaire
Pierre Koppes, Gemeng Woltz
16h15 Circular Economy an der Regioun Venlo
Michel Weijers, C2C ExpoLab (Holland)
17h00 Froeronn – Économie circulaire
17h30 Apéritif, offréiert vun der Gemeng Walfer

Esou komm Dir am Beschten op d’Platz:

De Centre Culturel Prince Henri fann Dir zu Walfer, 3 route de Diekirch.

Mir recommandéieren mam ëffentlechen Transport op de Klimapakt Dag ze kommen.

Vëlo:
D‘Vëlospist PC15 geet direkt laanscht Dir vum Centre Prince Henri.

Buslinnen: 

AVL 11 Lux-Walfer Steesel: Arrêt direkt virun der Dir vum Centre Prince Henri.
AVL 10 Lux-Berel-Steesel: Arrêt net wäit ewech zu Berel (ca. 400m)
Desweideren RGTR 290 / 285 direkt virun der Dir vum CPH.

Zuch: 
D’Gare ass och zimlech nobäi (ca. 500m).

Wann et onbedéngt mam Auto muss sinn: 
Parkplaz hannert der Sportshal – Afaart iwwert rue de l’Alzette / rue des Nations Unies huelen.
Bloen Disk lee fir max. 5 Stonnen.
Op der Gemengeplaz vis-à-vis vum Centre Prince Henri an um Parking an der rue des Nations Unies sti Chargy-Bornen zur Verfügung.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen