Umeldung fir de Klimapakt Dag 2019
Dënschdes, de 4. Juni 2019
vun 12:00 bis 17:30 Auer
zu Esch-Uelzecht am Hôtel de Ville (Place de l'Hôtel de Ville, L-4002 Esch-sur-Alzette)
Programm vum Klimapakt Dag 2019
12:00 | Accueil vun de Gäscht mat engem walking lunch |
Klimapakt 2.0 – Virstellung vun den Entwécklungen no 2020 – Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung | |
D'Roll vun enger Gemeng an enger méi schneller Energietransitioun Richtung 100 % erneierbar Energië – Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung | |
Presentatioun vun der neier Ënnerstëtzungsoffer vu myenergy fir d‘Grënnung vun enger Energiekooperativ | |
„Besser Loft fir méi Liewensqualitéit“ – Bilan vun der Miesscampagne duerch d’Ëmweltverwaltung | |
Klimapakt konkret – 5 Projete vun de Klimapakt-Partner: CELL, EBL, Klimabündnis, IMS a SIGI | |
„Solar Challenge“ – mir sichen d’Gemeng mat deene meeschte Photovoltaik-Anlagen | |
Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen | |
17:30 | Apéritif, offréiert vun der Gemeng Esch-Uelzecht |
Esou kommt Dir am Beschten op d’Platz:
Den Escher Hôtel de Ville fannt Dir op der Place de l'Hôtel de Ville (L-4002 Esch-sur-Alzette).
Mir recommandéiere mam ëffentlechen Transport op de Klimapakt Dag ze kommen.
Mam Zuch:
D’Gare vun Esch-Uelzecht ass ganz nobäi (ca. 350 m).
Wann et onbedéngt mam Auto muss sinn:
D'Parkhaus fannt Dir direkt ënnert der Place de l'Hôtel de Ville – Afaart an der rue du Commerce.
Um Parking op der Place des Sacrifiés (ca. 800 m) stinn Chargy-Bornen zur Verfügung.