Fehlermeldung

Could not retrieve the oEmbed resource.

Ambassadeur ginn

Gitt Ambassadeur an hëlleft Äre Matbierger bei Sujete ronderëm d’Energietransitioun besser informéiert ze sinn

Wat genee ass de Projet Ambassadeur? Sophie Scheider a Gilbert Théato - Projet Ambassadeur

Är Kommunikatioun ronderëm déi nohalteg Energietransitioun

Scho säit Jore schaffen Är Gemengen a myenergy zesumme fir eng neutral Grondberodung am Beräich vun enger nohalteger Energietransitioun fir Är Bierger unzebidden. Wann mir eis Efforten zesumme leeën, kënne mir dës Themen nach besser erklären an doduerch Är Bierger dozou kréien, sech an der nohalteger Energietransitioun z’engagéieren.

De Projet Ambassadeur gesäit vir, eis aktuell Déngschtleeschtung an eis operationell Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Acteuren nach weider ze verbesseren. An dësem Kader ënnerstëtze mir Iech, den Dialog mat Äre Bierger an de Beräicher Energietransitioun, Klimakris a Klimapakt z’optimiséieren.

Den Ambassadeur : Koordination vun den externen an internen Acteuren

 

Dem Ambassadeur säi Profil

  • Gudde Kommunikateur
  • Proaktiv
  • Kennt d’Messagen an d‘Servicer vu myenergy an dem Klimapakt
  • Huet reegelméissegen Austausch mat anere Mataarbechter an Servicer, an huet Kontakt mam Schäfferot / Klimaschäffen
  • Eng Persoun, keng digital Plattform
  • Intresséiert sech fir Themen wei d’Energietransitioun, d’Klimakris an de Klimapakt
  • Laangfristeg Zesummenaarbecht

Seng Missiounen:

  • Den Ambassadeur ënnerstëtzt déi verschidde Gemengeservicer mat sengem Wëssen am Zesummenhang vun der nohalteger Energietransitioun, der Klimakris an dem Klimapakt.
  • Hien erlaabt et Ärer Gemeng en méi strukturéierten Austausch vun Informatioune mat de verschiddenen Acteuren, wei zum Beispill de Klimaberoder, dem Klimateama myenergy, ze féieren.
  • Duerch seng global Vue vun de myenergy Servicer an Outile bréngt den Ambassadeur de Gemengeservicer dës méi no a kann erklären, wéi genau se de Gemengeservicer an de Bierger nëtzlech kënne sinn.
  • Duerch seng Echangen ginn d’Informatioune ronderëm déi nohalteg Energietransitioun méi verständlech no bausse bei d’Bierger gedroen.
  • Den Ambassadeur trëfft sech eemol am Joer am Kader vun dësem Projet mat deen aneren Ambassadeuren. Hei kënne si sech ënnerteneen austauschen a verschidde Gemenge kréien d’Méiglechkeet hier “Best Pratice”-Projeten ze presentéieren.

D’Zesummenaarbecht vum Ambassadeur mat allen Acteure vun der Energietransitioun

 

D’Virdeeler vum Projet Ambassadeur fir Är Gemeng

Dir kënnt Iech bei Äre Bierger nach besser als engagéiert Gemeng presentéieren.

Duerch den Ambassadeur ginn Är Aktiounen an Efforte ronderëm déi nohalteg Energietransitioun, d’Klimakris an de Klimapakt besser no bausse gedroen. Doduerch bréngt Dir Äre Bierger dës Sujete méi no.

Dir profitéiert vun enger moossgeschneiderter Ënnerstëtzung, konkreeten Hëllefsmëttelen an engem strukturéierte Kader fir d’Kommunikatioun mat Äre Matbierger.

Den Ambassadeur gëtt vu Klima-Agence a senger Aarbecht ënnerstëtzt. Esou ergëtt sech insgesamt eng besser Zesummenaarbecht tëscht Ärer Gemeng a Klima-Agence.

Den Ambassadeur kann zu enger besserer Bewäertung am Klimapakt bäidroen.