Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


Gitt Ambassadeur
an hëlleft Äre Matbierger
bei Sujete ronderëm d’Energietransitioun

besser informéiert ze sinn

Wat genee ass de Projet Ambassadeur ?

Sophie Scheider, zoustänneg fir de Projet Ambassadeur an Gilbert Théato, Direkter vu myenergy

Är Kommunikatioun ronderëm déi nohalteg Energietransitioun

Scho säit Jore schaffen Är Gemengen a myenergy zesumme fir eng neutral Grondberodung am Beräich vun enger nohalteger Energietransitioun fir Är Bierger unzebidden. Wann mir eis Efforten zesumme leeën, kënne mir dës Themen nach besser erklären an doduerch Är Bierger dozou kréien, sech an der nohalteger Energietransitioun z’engagéieren.

De Projet Ambassadeur gesäit vir, eis aktuell Déngschtleeschtung an eis operationell Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Acteuren nach weider ze verbesseren. An dësem Kader ënnerstëtze mir Iech, den Dialog mat Äre Bierger an de Beräicher Energietransitioun, Klimakris a Klimapakt z’optimiséieren.

Den Ambassadeur :
Koordination vun den externen an internen Acteuren

Dem Ambassadeur säi Profil

  • Gudde Kommunikateur
  • Proaktiv
  • Kennt d’Messagen an d‘Servicer vu myenergy an dem Klimapakt
  • Huet reegelméissegen Austausch mat anere Mataarbechter an Servicer, an huet Kontakt mam Schäfferot / Klimaschäffen
  • Eng Persoun, keng digital Plattform
  • Intresséiert sech fir Themen wei d’Energietransitioun, d’Klimakris an de Klimapakt
  • Laangfristeg Zesummenaarbecht

Seng Missiounen

  • Den Ambassadeur ënnerstëtzt déi verschidde Gemengeservicer mat sengem Wëssen am Zesummenhang vun der nohalteger Energietransitioun, der Klimakris an dem Klimapakt.
  • Hien erlaabt et Ärer Gemeng en méi strukturéierten Austausch vun Informatioune mat de verschiddenen Acteuren, wei zum Beispill de Klimaberoder, dem Klimateama myenergy, ze féieren.
  • Duerch seng global Vue vun de myenergy Servicer an Outile bréngt den Ambassadeur de Gemengeservicer dës méi no a kann erklären, wéi genau se de Gemengeservicer an de Bierger nëtzlech kënne sinn.
  • Duerch seng Echangen ginn d’Informatioune ronderëm déi nohalteg Energietransitioun méi verständlech no bausse bei d’Bierger gedroen.
  • Den Ambassadeur trëfft sech eemol am Joer am Kader vun dësem Projet mat deen aneren Ambassadeuren. Hei kënne si sech ënnerteneen austauschen a verschidde Gemenge kréien d’Méiglechkeet hier “Best Pratice”-Projeten ze presentéieren.

D’Zesummenaarbecht vum Ambassadeur mat allen Acteure vun der Energietransitioun

My Energy Ambassadeurs - Schéma

D’Virdeeler vum Projet Ambassadeur fir Är Gemeng

Dir kënnt Iech bei Äre Bierger nach besser als engagéiert Gemeng presentéieren.

Duerch den Ambassadeur ginn Är Aktiounen an Efforte ronderëm déi nohalteg Energietransitioun, d’Klimakris an de Klimapakt besser no bausse gedroen. Doduerch bréngt Dir Äre Bierger dës Sujete méi no.

Dir profitéiert vun enger moossgeschneiderter Ënnerstëtzung, konkreeten Hëllefsmëttelen an engem strukturéierte Kader fir d’Kommunikatioun mat Äre Matbierger.

Den Ambassadeur gëtt vu myenergy a senger Aarbecht ënnerstëtzt. Esou ergëtt sech insgesamt eng besser Zesummenaarbecht tëscht Ärer Gemeng a myenergy.

Den Ambassadeur kann zu enger besserer Bewäertung am Klimapakt bäidroen.

Deelt eis Är éischt Impressiounen zum Projet Ambassadeur mat

Dëse Formulaire erlaabt et eis, Är Meenungen ze sammele, fir mat Iech zesummen dëse Projete besser ëmzesetzen.

Wann Dir Froen zu dem Fonctionnement vum Projet Ambassadeur hutt, kënnt Dir Iech zu all Moment beim Sophie Scheider, Responsabel vum Projet bei myenergy, mellen.

Kontaktinformatioune vun der Persoun déi dëse Formular ausfëllt
  •  
  •  
  •  
  •  
  •  
Ween wäert den Uspriechpartner an Ärer Gemeng sinn fir Ären Ambassadeur opzestellen?
Gitt w.e.g. d'Kontaktinformatioune vun de folgenden Uspriechpartner un
Infopoint myenergy Kontakt
Klimapakt Kontakt
Communicatioun Kontakt
Veuillez prouver que vous n'êtes pas un robot en cliquant sur le captcha, Merci.
* Pflichtfelder.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen