Lesen Sie unsere FAQ um Antworten auf Ihre Fragen zu finden.

Welches ist Ihr Profil?


Wählen Sie ein Profil aus

Meng Gemeng engagéiert sech fir Photovoltaik

Meng Gemeng engagéiert sech fir Photovoltaik


De Concours start an

  • 00
    Deeg
  • 00
    Stonnen
  • 00
    Minutten
  • 00
    Sekonnen

Wat ass de solar challenge?

myenergy lancéiert de solar challenge fir Lëtzebuerger Gemengen auszezeechnen, déi sech fir d’Produktioun vu Solarenergie asetzen. Dëse Concours, deen sech un all d’Gemenge riicht, huet d’Ziel, d’Unzuel u Photovoltaikanlagen am Land ze erhéijen. All d’Gemenge sinn invitéiert, d’Installatioun vu Photovoltaikanlage bei hire Matbierger ze fërderen!

Den Challenge leeft vum 1. Juli 2019 bis den 1. Oktober 2020, a besteet aus zwee Voleten:

  • Den éischten Defi zeechent déi Gemeng aus, déi di héchst Quantitéit u Solarstroum pro Unzuel vu Wunnenge produzéiert.
  • Den zweeten Defi valoriséiert déi Gemeng, déi deen innovatiivste Projet am Beräich Photovoltaik presentéiert : eng kreativ Kommunikatiounscampagne, eng aussergewéinlech Anlag, asw.

 

Firwat sollt Är Gemeng matmaachen?

Mat der Participatioun um solar challenge dréit Är Gemeng zu der Entwécklung vun den erneierbaren Energië bäi, andeems si d’Produktioun vu Photovoltaik-Energie zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt fir esou d’Klimaziler vun 2030 ze erreechen. Är Projete ronderëm d’Photovoltaik kënnen net nëmmen zukünfteg Realisatioune vun anere Gemengen inspiréieren, mee ginn och Äre Matbierger d’Geleeënheet, sech aktiv un der Klimapolitik vum Land ze bedeelegen.

Huelt och Dir dës Erausfuerderung un a maacht Är Gemeng zu engem aktive Partner fir de Klimaschutz op lokalem Niveau!

All d’Gemengen déi beim solar challenge matmaache gi fir hiert Engagement bei engem Event geéiert.

 

Wéi eng Präisser sinn ze gewannen?

myenergy promouvéiert den Engagement vun de Gewënner-Gemengen a béide Kategorien a produzéiert fir béid Gemengen e Video deen d’Produktioun vu Solarenergie ënnerhalb der Gemeng valoriséiert.

Zousätzlech organiséiere mir der Gewënner-Gemeng vum éischten Defi e festlechen Themenowend iwwer d’Photovoltaik mat der Presenz vun Experten.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen