Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


solar challenge: Ell an de Kanton Réiden gewannen de kommunalen a regionale quantitativen Challenge

  • Bild - solar challenge: d’Gemeng Ell gewënnt de quantitative Challenge

    solar challenge: d’Gemeng Ell gewënnt de quantitative Challenge

    lokal Stroumproduktioun duerch erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg steigeren a fërderen: Ell gewënnt de quantitative Challenge

solar challenge, lokal Stroumproduktioun duerch erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg steigeren a fërderen: Ell gewënnt de quantitativen Challenge

De quantitativen Challenge, deen den héchsten Zouwuess un Photovoltaikleeschtung duerch d’Installatioun vu neien Anlagen (am Verhältnis zu der Unzuel vu Wunngebaier) iwwert dem Zäitraum vum Concours auszeechent, gouf vun der Gemeng Ell gewonnen, suivéiert vu Groussbus a Wëntger.

solar challenge, sech gemeinsam fir d’Produktioun vu lokalem Stroum aus erneierbaren Energiequellen zu Lëtzebuerg asetzen: de Kanton Réiden gewënnt de regionalen Challenge

De Gewënner vum regionalen Challenge, deen den héchsten Zouwuess u Photovoltaikleeschtung an enger regionaler Gruppéierung vu véier oder méi Gemengen belount, ass de Syndicat Intercommunal Kanton Réiden.

Duerch dës Victoire kënnen d’Schülerinnen a Schüler aus den zéng Gemenge vum Kanton vun engem regionalen Educatiounsprojet oder vun Educatiounsateliere ronderëm d‘Thema vun der Energietransitioun profitéieren.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen