Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


Iechternach „Autarchy with green energy?”

Ganz am Zeeche vun der Energiewend huet d‘Staat Iechternach en Renovatiounsprojet vun engem historesche Gebai realiséiert, fir hire Beitrag zu der Produktioun vun erneierbaren Energien ze leeschten. Et handelt sech hei em en Gebai op der Maartplaz – direkt nieft der Basilika – wat bis viru senger Renovatioun a mat techneschen Installatiounen aus dem Joer 1965 bis zu 20.000 Liter Mazout pro Joer fir d’Beheizung vun enger Wunn- a Verkafsfläch vu 550 Quadratmeter verbraucht huet. Mat den Ajustementer vun der Verglasung an der Realiséierung vun Isolatiounsaarbechten an engem Niddreg-Energie-Konzept konnte signifikant Effekter erzielt gi, esou dass d’Gebai elo autark fonctionéiert: De Gesamt-Energiebedarf vum Gebai, der Heizung, dem Waarmwaasser, an der Elektrizitéit läit pro Joer bei +/- 50.000 kW. Dëse ka mat der op dem Daach an der Fassade installéierter Photovoltaik-Anlage gedeckt ginn.

Esou konnt d’energetesch Effizienz vun engem historesche Gebai verbessert an en virbildleche Projet realiséiert ginn.

D’Photovoltaiganlaag um Daach fällt bal net op, eosu dass den historechen Charakter vum Gebai – inkl. Renovatiounsaarbechten – konnt erhaale ginn.

De Projet vu Kiischpelt entdecken

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen