Kiischpelter „Solar Wandrad“
Och d’Gemeng Kiischpelt huet mat der kombinéierter Notzung vu Solar- a Wandenergie, e flotte Projet an Zesummenaarbecht mat senge Bierger a Membere vum Klimateam konnte realiséieren. Mat der Prämiss dass e gewéinlecht Wandrad nëmmen Energie produzéiert, wann de Wand bléist, koum d’Iddi eng kombinéiert Alternativ mat Solarenergie ze realiséieren. Mat „organesche Photovoltaikmoduler“, enger neiaarteger Solartechnik, an engem „Savonius-Rotor“-Wandrad, huet d’Gemeng, di sech an enger Virbildroll gesäit, eppes Neies ausprobéiert, a gläichzäiteg hire Bäitrag zu der Energiewend bäigedroen. Och wann dësen Test-Projet nëmmen e vergläichsweis klengen energetesche Beitrag leeschte ka – ass d’Wierkung grouss, a soll dozou inspiréieren, nei Weeër am Beräich vun den Energien, Richtung erneierbar Energien, an ze goen.

