Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


Kiischpelter „Solar Wandrad“

Och d’Gemeng Kiischpelt huet mat der kombinéierter Notzung vu Solar- a Wandenergie, e flotte Projet an Zesummenaarbecht mat senge Bierger a Membere vum Klimateam konnte realiséieren. Mat der Prämiss dass e gewéinlecht Wandrad nëmmen Energie produzéiert, wann de Wand bléist, koum d’Iddi eng kombinéiert Alternativ mat Solarenergie ze realiséieren.  Mat „organesche Photovoltaikmoduler“, enger neiaarteger Solartechnik, an engem „Savonius-Rotor“-Wandrad, huet d’Gemeng, di sech an enger Virbildroll gesäit, eppes Neies ausprobéiert, a gläichzäiteg hire Bäitrag zu der Energiewend bäigedroen. Och wann dësen Test-Projet nëmmen e vergläichsweis klengen energetesche Beitrag leeschte ka – ass d’Wierkung grouss, a soll dozou inspiréieren, nei Weeër am Beräich vun den Energien, Richtung erneierbar Energien, an ze goen.

 

De Projet vun Iechternach entdecken

Elo ofstëmmen

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen