Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


Wat ass de solar challenge?

myenergy lancéiert de solar challenge fir Lëtzebuerger Gemengen auszezeechnen, déi sech fir d’Produktioun vu Solarenergie asetzen.

Léif Gemengen, dëse Concours riicht sech un Iech an huet d’Ziel, d’Unzuel u Photovoltaikanlagen am Land ze erhéijen. Dir sidd all invitéiert, d’Installatioun vu Photovoltaikanlage bei Äre Matbierger ze fërderen!

Den Challenge leeft vum 1. Juli 2019 bis den 1. Oktober 2020, a besteet aus zwou Kategorien:

Déi éischt Kategorie zeechent déi dräi Gemengen aus, déi duerch d’Installatioun vu néien Photovoltaikanlagen dee gréissten Zouwuess u Solarenergie bannent hierer Gemeng virweisen (Viraussetzzung: Anlagen bis zu 500 kWp, op all Zort vu Gebaier, mat Ausnahm vun Anlagen déi vun der Administration des Bâtiments publics installéiert goufen).

Déi zweet Kategorie valoriséiert déi Gemeng, déi deen innovatiivste Projet am Beräich Photovoltaik presentéiert. Dëse kann zum Beispill op folgende Beräicher berouen: Technologie, architektonesch Integratioun, Kommunikatioun, Kreativitéit, Educatioun, Bedeelegung a Motivatioun vun de Bierger an Entreprisen.

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen