Alle Antworten auf Ihre Fragen.

Sie sind


Wat ass de solar challenge?

De solar challenge gouf vu myenergy lancéiert fir Lëtzebuerger Gemengen auszezeechnen, déi sech fir d’Produktioun vu Solarenergie asetzen.

Am Ganzen hunn 68 Gemengen a 6 regional Gruppementer d‘Erausfuerderung ugeholl an zu der Entwécklung vun der Solarenergie a Lëtzebuerg bäigedroen!

Den Challenge huet vum 1. Juli 2019 bis den 1. Mäerz 2021 stattfonnt, a besteet aus dräi Kategorien:

  • Déi éischt Kategorie zeechent déi dräi Gemengen aus, déi duerch d’Installatioun vu néie Photovoltaikanlagen dee gréissten Zouwuess u Solarenergie, am Verhältnis zu der Unzuel u Wunngebaier bannent hirer Gemeng virweise konnten.
  • Déi zweet Kategorie valoriséiert déi Gemeng, déi deen innovatiivste Projet am Beräich Photovoltaik presentéiert. Dëse kann zum Beispill op folgende Beräicher berouen: Technologie, architektonesch Integratioun, Kommunikatioun, Kreativitéit, Educatioun, Bedeelegung a Motivatioun vun de Bierger an Entreprisen.
  • Eng drëtt Kategorie erméiglecht et och regionale Gruppementer, bestoend aus 4 oder méi Gemengen, matzemaachen a sech zesummenzeschléisse fir e méiglechst héijen Zouwuess u Solarenergie ze réaliséieren!

Mit Ihrem Besuch auf dieser Webseite akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies, die uns die Erstellung von Besucherstatistiken ermöglichen. Weitere Informationen