De Klimapakt kommunizéieren

De Bruno Barboni erkläert Iech hei an dësem Video, wéi Ären Ambassadeur Iech bei Ären Efforten am Klimapakt hëlleft. E vun den Ziler vum Klimapakt ass verstäerkt op…

Dem Ambassadeur seng Roll am Klimapakt

E vun den Ziler vum Klimapakt ass verstäerkt op d‘Biegerbedeelegung ze setzen. Dobäi sollen Är Bierger, d’Entreprisen an aner lokal Acteuren engersäits méi konsequent an déi verschidden Projeten integréiert ginn an anersäits sollen se och motivéiert an encouragéiert gi, fir hir eege Projeten z’entwéckelen an ëmzesetzen. Zousätzlech dozou kritt Dir nei Kommunikatiounsoutilen zur Verfügung gestalt, fir méi effizient iwwer de Klimapakt ze kommunizéieren.

 

Duerch seng zentral Roll ënnerstëtzt den Ambassadeur den Austausch tëschent de verschiddene Servicer, fir esou déi nëtzlech Informatioune weiderzeginn. Dëse reegelméissege Kontakt mat de Klimaberoder an dem Klimateam erméiglecht dem Ambassadeur, iwwert déi konkreet Aktivitéiten ronderëm de Klimapakt Bescheed ze wëssen. Hie kann dës Informatiounen den zoustännege Servicer weiderginn an sou Är Matbierger iwwert Klimapakt-Projeten informéieren. Esou gëtt den Engagement vun Ärer Gemeng am Klimapakt méi reegelméisseg no bausse gedroen.

 

De Klimaberoder an d’Klimateam behalen hir Rollen a Missiounen. Den Ambassadeur ka si awer ënnerstëtzen, fir nei Synergië mat de verschiddenen Acteuren z’entwéckelen.

 

 

Ären Ambassadeur huet och seng Plaz an enger Mesure vum Klimapakt-Katalog

De Projet Ambassadeur ass och eng vun de Mesuren aus dem Mesurëkatalog vum Klimapakt. Andeems eng zentral Persoun d’Koordinatioun vun den Informatioune ronderëm déi nohalteg Energietransitioun iwwerhëlt, feiert dat och dozou, datt d’Informatiounen iwwert de Klimapakt méi effizient no bausse kommunizéiert ginn.

 

Dem Ambassadeur seng Aarbecht an säin Engagement kann dozou bäidroen, eng besser Bewäertung am Klimapakt ze kréien.