Umeldung fir de Klimapakt Dag 2018

Dënschdes, den 29. Mee 2018
vu 12:00 bis 17:30 Auer
zu Walfer am Centre Culturel Prince Henri (3, route de Diekirch, 7720 Helmsange)
Programm vum Klimapakt Dag 2018
| 12h00 | Accueil vun de Gäscht mat engem walking lunch |
| 13h00 | Begréissungsusprooch Gilbert Théato, myenergy |
| 13h10 | Usprooch vum Monsieur Camille Gira, Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen |
| 13h25 | Discours vum Francine Closener, Staatssekretarin fir Wirtschaft (excusée) |
| 13h40 | 5 x 6 – 5 konkret Projeten vun de Klimapakt-Partneren Cell, IMS, EBL, Klimabündnis a SIGI |
| 14h10 | D’économie circulaire am Kader vum Klimapakt Gilbert Théato, myenergy |
| 14h20 | Iwwerreeschung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen un d’Gemengen Camille Gira, Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen |
| 14h30 | Paus |
| 14h50 | Nohalteg Veranstaltungen a Projete fir Gemengen vun der Superdreckskëscht Frank Fellens, Romaine Stracks, Superdreckskëscht |
| 15h15 | Mise en œuvre de l’économie circulaire dans les zones d’activités économiques Paul Schosseler, +impakt |
| 15h35 | Den Holzbau an der économie circulaire Philippe Genot a René Witry, Wood Cluster |
| 15h55 | Woltz – Hotspot fir d’économie circulaire Pierre Koppes, Gemeng Woltz |
| 16h15 | Circular Economy an der Regioun Venlo Michel Weijers, C2C ExpoLab (Holland) |
| 17h00 | Froeronn – Économie circulaire |
| 17h30 | Apéritif, offréiert vun der Gemeng Walfer |
Esou komm Dir am Beschten op d’Platz:
De Centre Culturel Prince Henri fann Dir zu Walfer, 3 route de Diekirch.
Mir recommandéieren mam ëffentlechen Transport op de Klimapakt Dag ze kommen.
Vëlo:
D‘Vëlospist PC15 geet direkt laanscht Dir vum Centre Prince Henri.
Buslinnen:

AVL 11 Lux-Walfer Steesel: Arrêt direkt virun der Dir vum Centre Prince Henri.
AVL 10 Lux-Berel-Steesel: Arrêt net wäit ewech zu Berel (ca. 400m)
Desweideren RGTR 290 / 285 direkt virun der Dir vum CPH.
Zuch:
D’Gare ass och zimlech nobäi (ca. 500m).
Wann et onbedéngt mam Auto muss sinn:
Parkplaz hannert der Sportshal – Afaart iwwert rue de l’Alzette / rue des Nations Unies huelen.
Bloen Disk lee fir max. 5 Stonnen.
Op der Gemengeplaz vis-à-vis vum Centre Prince Henri an um Parking an der rue des Nations Unies sti Chargy-Bornen zur Verfügung.