Toutes les réponses à vos questions.

Vous êtes


Umeldung fir de Klimapakt Dag 2019

 

Dënschdes, de 4. Juni 2019
vun 12:00 bis 17:30 Auer
zu Esch-Uelzecht am Hôtel de Ville (Place de l'Hôtel de Ville, L-4002 Esch-sur-Alzette)

Programm vum Klimapakt Dag 2019

12:00 Accueil vun de Gäscht mat engem walking lunch
  Klimapakt 2.0 – Virstellung vun den Entwécklungen no 2020 – Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
  D'Roll vun enger Gemeng an enger méi schneller Energietransitioun Richtung 100 % erneierbar Energië – Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung
  Presentatioun vun der neier Ënnerstëtzungsoffer vu myenergy fir d‘Grënnung vun enger Energiekooperativ
  „Besser Loft fir méi Liewensqualitéit“ – Bilan vun der Miesscampagne duerch d’Ëmweltverwaltung
  Klimapakt konkret – 5 Projete vun de Klimapakt-Partner: CELL, EBL, Klimabündnis, IMS a SIGI
  „Solar Challenge“ – mir sichen d’Gemeng mat deene meeschte Photovoltaik-Anlagen
  Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen
17:30 Apéritif, offréiert vun der Gemeng Esch-Uelzecht

Esou kommt Dir am Beschten op d’Platz:

Den Escher Hôtel de Ville fannt Dir op der Place de l'Hôtel de Ville (L-4002 Esch-sur-Alzette).

Mir recommandéiere mam ëffentlechen Transport op de Klimapakt Dag ze kommen.

Mam Zuch: 
D’Gare vun Esch-Uelzecht ass ganz nobäi (ca. 350 m). 

Wann et onbedéngt mam Auto muss sinn: 
D'Parkhaus fannt Dir direkt ënnert der Place de l'Hôtel de Ville – Afaart an der rue du Commerce.
Um Parking op der Place des Sacrifiés (ca. 800 m) stinn Chargy-Bornen zur Verfügung.

En poursuivant votre navigation sur ce site, vous acceptez l’utilisation de cookies nous permettant d’obtenir des statistiques de visite. En savoir plus